Gemeindeverwaltung
2, place de l'Eglise
L-9391 Reisdorf
Tél. : +352 83 62 21
Fax. : +352 86 92 30
E-mail :
Öffnungszeiten:
9h00 - 12h00 et 14h00 - 17h00
den ganzen Tag geschlossen Donnerstag und
Freitag Nachmittag
Aktuell
Wanderkalenner Summer 2010
De Syndicat d'Initiative Reisduerf presentéiert seng Wanderungen vum Summer 2010. Umeldungen erwënscht. Weider Infoën am Büro SIT oder iwer www.reisdorf.lu / Kontakt Syndicat d'Initiative Reisduerf.
-
Wanderkalender 2010 (197.36 Ko)
100 Jar Bigelbaacher Kirch
D'Bigelbaacher Kirch ass 1910 färdig gebaut gin an ass deemno dest Jar 100 Jar aal. Op den Daag vun der Bigelbaacher Kirmes (Sonndes, den 16. Mee 2010) offréiert d'Kirchefabrik Reisdorf no der Houmass (gesongen vun der Chorale Ste-Cécile Reisduerf) e Pättchen am Haff Roeder-Meyers.
De Syndicat d'Initiative gët desen Daag och eng Enveloppe mat engem Timber vun der Bigelbaacher Kirch an dem Stempel vun der Kirchefabrik eraus. Des Kaarten kann een eenzel (fir 3 €) oder am Set (fir 8 €) no der Mass kréien oder per Iwerweisung vun 3, respektiv 8 € op de Kont LU26 0027 1156 3000 0000 (BILLLULL) vum SIT Reisduerf bestellen.
Op Kirmessonndig presentéiert d'Madame Tessy Glodt um DNR Radio géint 8.15 Auer e puer interessant Informatiounen iwert Bigelbach. Dese Reportage vu knapp véier Minuten kann op desem Site rofgeluede gin.
-
Enveloppenset (504.82 Ko) -
Input TG 1 Kiermes Bigelbaach (3,294.00 Ko) -
Artikel am Wort (305.17 Ko)
Farwig Natur (DVD)
Di nei DVD iwer eis Landschaft am Wiessel vun de Jareszäiten.
Eng Fotoshow vum Wandel vun der Natur während Summer, Hierscht, Wanter a Fréijar. Sämtlech Biller sin an der Gemeng Reisduerf opgeholl gin an zauberen mat flotten Iwerblendeffekter a passender Musik dee ganzen Spektrum vun Naturfaarwen an Är Stuff.
Laafzäit: 40 Minuten
Präis: 12,50 €uro
Kont: BILLLULL LU26 0027 1156 3000 0000
Gratis Zoustellung an Är Bréifkëscht.
Produktioun: SIT Reisduerf
Realisatioun: René Roeder
-
Farwig Natur (795.34 Ko)



